Langues / Sprachen

Chrëschtconcert 13.01.2024

 

Am Kader vum 10. Anniveraire vun der Chorale Berdorf-Consdorf hunn déi 2 Veräiner ënner der Leedung vum Roby Schiltz e flotte Chrëschtconcert gesongen. Eigentlech war dëse Concert fir den 9. Dezember 2023 virgesinn, huet awer misse kuerzfristeg weenst ville Kranheetsfäll an éise Reien op den 13. Januar verluegt ginn.

Am Kader vum 10. Anniversaire vun der Chorale Berdorf-Consdorf hunn déi 2 Veräiner ënner der Leedung vum Roby Schiltz e flotte Chrëschtconcert gesongen. Eigentlech war dëse Concert fir den 9. Dezember 2023 virgesinn, huet awer weenst ville Krankheetsfäll an éise Reien op den 13. Januar verluegt ginn.

An enger gutt besater a festlech beliichter Kierch war den Haaptophänker vun deem Concert d'Böhmische Hirtenmesse" vum tschechesche Komponist Jakub Jan Ryba an enger Eenzegarteger Besetzung fir Uergel an 2 Geien, meeschterhaft gespillt vum Rosch Mirkes, Jehanne Strepenne a Guy Goethals. Soliste waren d'Anne Berna an de Roby Schiltz.

Iwwerzeege konnten is 3 Instrumentalisten och mat der Sonat a Fa-Majeur fir 2 Geien a Basso Continuo vum Antonio Vivaldi.

Am 2. Deel, fir de Concert ofzeschléissen, stungen nach e puer bekannte Chrëschtlidder um Programm.

Laangen applaus a vill Luef vun den Nolauschterer hunn alle Bedeelegden um Concert vill Freed gemaach.

Bäi engem klenge Patt am Centre Culturel "A Schmadds" gouf e flotte musikaleschen Owend ausklénke gelooss.

Fotoen: Kati Fernandes

 

 

 

 

 

 

**Console de débogage Joomla!**

**Session**

**Profil d'information**

**Occupation de la mémoire**

**Requêtes de base de données**

**Erreurs d'analyse dans les fichiers de langue**

**Fichiers de langue chargés**

**Chaînes non traduites**