Langues / Sprachen

Archive Berdorf

 

Roby Schiltz :
neien Dirigent vun der Chorale Mixte

Kuerz nodeem den Henry Bissen seng Demisssioun agereecht hat, huet eis Chorale en neien Dirigent fonnt, deen hei zu Berdorf bei ville Leit keen obekannten däerft sinn. Viru genau 50 Jar huet de Roby Schiltz hei zu Berdorf d’Plaz als Organist iwwerholl, huet fir unzefänken um Harmonium gestrampelt an duerno op der elektronescher Ahlborn-Uergel gespillt. Ronn 10 Jar huet de Roby Schiltz dee Poste gehal, bis en aus professionelle Grënn du op Waasserbëlleg gewiesselt huet. Et ware wonnerschéi Jaren, méngt deen neien Dirigent! Hien huet bei ganz ville geeschtege a weltleche Concerten hei zu Berdorf matgewierkt, ass och als Organist eleng opgetratt, huet eng Zäit laang de Kannerchouer dirigéiert an huet 1969 den Ensemble Vocal Berdorf an d'Liewe geruff, deen aus organisatoresche Grënn säi Sëtz op Iechternach verluecht huet an dofir natierlech säin Numm geännert huet an elo „Ambitus“ heescht. Mee net nëmmen an der Kierch oder bei Concertën war de Roby Schiltz derbäi! Nee och beim Theaterspillen, dat déi Zäit zu Bäerdorf ganz grouss geschriwwe gouf, huet hien d’Acteuren bei enger ganzer Rëtsch vu Lëtzebuerger Operette um Piano begleet. Ee vun den Héichpunkte war deemools secher d’Koméidistéck „Mat Kropes aus dem Strack“, dat den deemolegen Dirigent Edmond Steyer verfaasst an zu deem de Roby Schiltz d’Musek bäigedron hat.

Als Dirigent, deen d’Situatioun vun de Chéier kennt, weess de Roby Schiltz awer och, datt et net duer geet, sech op fréier Zäiten ze beruffen. Et gëlt, d’Problemer vun haut zemeeschteren! An deer gëtt et eng ganz Rei: d’Chorale kloën, datt si besonnesch keng jong nei SängerInne fannen, wou de Problem ganz besonnesch bei de Männer läit. Déi meescht Gesangsveräiner hunn hir Haaptmissioun als Kierchechouer. Och hei hëlt de Besuch vun de Massen ëmmer weider of, parallel geet och den Intérêt um Kierchegesank verluer. Jonk Leit sinn haut ganz oft un enger Musek interesséiert, déi een am Répertoire vun den traditionelle Chéier net fënnt.

Deen neien Dirigent, deen eng zolitt Formatioun a Gesank an a Chouerdirektioun huet, wëllt versichen, d’Situatioun ze verbesseren. Dofir ass eng éischt Aufgab, den Niveau vun de Chéier an d’Lut ze schrauwen . Nëmmen dee fënnt Freed um Chouergesank, deen e flotte Concert erlieft an deen da Loscht kritt, selwer matzeman! Dofir versicht de Roby Schiltz méi op regionaler Basis zesummenzeschaffen. Sou plangen de Berdorfer an de Consdorfer Chouer lo zesummen e flotte Concert rondrëm de Lëtzebuerger Komponist Laurent Menager. Zesummen hu si och schonn den 12. Mee eng feierlech Mass an der Bäerdorfer Kierch gesongen, an deen déi zwéi Chéier bei dëser Geleeënheet erlieft huet, war ganz bestëmmt iwwerrascht iwwert dee flotte Klangkierper, deen sech do gewisen huet.

Awer d‘Zesummeschaffen eleng geet net duer fir d’Chéier méi jonk ze man. Dat ass eng laangfristeg Aarbecht a verlaangt vill Gedold. Gesank bedeit net einfach Sangen: et ass eng Aktivitéit, déi villen Expertisen no, d’kierperlech an geeschteg Gesondheet fördert. An op regionaler Basis kann ee méi einfach villsäiteg Formatiounen an interessant Stagen ubidden an esou vläit och d’Jugend erëm fir de Gesank begeeschteren. Dat sinn sou in etwa d’Méiglechkeeten, an deenen den neien Dirigent eng Perspektiv gesäit !

Fir den Ufank lo mol einfach den Opruff: wann der eech ugesprach fillt, da kommt emol bei eis an eng, zwou Prouwen „schnupperen“.

 


 

1998


 

 

 

1972-75 - H.Rei v.l.n.r.: Edmond Steyer; Georges Lucas; Paul Schilt; Camille Meyers; Änder Hatz; Edmée Eiffes-Poos ; Roby Eiffes; Berti Schmit-Reinert; Léonie Weidert-Ries; Madly Steinmetz; Theo Poos; Felicie Bausch; Günther Schmit; Felix Weidert; Erny Schmartz; Leo Stirn;

F.Rei v.l.n.r.: Nany Mariany; Albertine Peffer; Juliette Mariany; Marie-Paule Wagner; Liliane Poos; Alice Meyers-Lucas; Marie-Hélène Gillen; Martha Steyer-Millen; Lydie Burggraff;

Ganz virdrun: Claude Steyer; e Kand vun Duelem ; Edith Steyer;

 


 
 

Éirepresident Georges Lucas

Georges Lucas erhält Consolatrix-Medaille für langjähriges Engagement

Im Beisein seiner Familie, von Vorstandsmitgliedern der Chorale mixte Berdorf sowie Pfarrer Carlo Morbach und Pfarrassistentin Josiane Mirkes seitens der Pfarrei Berdorf erhielt Herr Georges Lucas am Dienstagnachmittag die Consolatrix-Medaille der Erzdiözese.

Anlässlich einer sympathischen Feierstunde im Bischofshaus überreichte Erzbischof Jean-Claude Hollerich die hohe Auszeichnung als Wertschätzung der Kirche in Luxemburg für dessen langjähriges, ehrenamtliches Engagement im Dienst der Pfarrgemeinschaft, der Kirchenmusik und der Liturgie. Georges Lucas, Bruder von Abbé René Lucas, leitete während 30 Jahren als Präsident den gemischten Chor in Berdorf; seit nunmehr 73 Jahren singt der Geehrte, der am kommenden 14. Mai seinen 80. Geburtstag feiert, im Kirchenchor.

 


 

 

**Joomla!-Debug-Konsole**

**Sitzung**

**Profil zum Laufzeitverhalten**

**Speichernutzung**

**Datenbankabfragen**

**Fehler in den Sprachdateien analysieren**

**Geladene Sprachdateien**

**Nicht übersetzte Sprachstrings**